Zu Melbourne huet de Weltmeeschter Lewis Hamilton um Mercedes och an der neier Saison d'Nues vir gehat. Zweete gëtt säin Equipier Nico Rosberg.

Guer net derbäi de ganze Weekend waren d'Manor-Piloten Roberto Merhi and Will Stevens, well si wéint Problemer mat der Software hiren Auto guer net un d'Lafe kruten.

De Kevin Magnussen um McLaren an den Daniil Kvyat um Red Bull hunn um Sonndeg ënnerwee fir op den Depart wéint technesche Problemer missen opginn.
De Finn Valtteri Bottas um Williams ass um Sonndeg och guer net matgefuer, well d'Dokteren him an der Nuecht gesot hunn, datt seng Réckverletzung him dat net géing erlaben.

De Lewis Hamilton op Mercedes huet um Depart d'Nues vir behal. Zweete Rosberg, Drëtte Massa, Véierten weider Vettel.

RTL

An der 1. Ronn gouf et ee Crash vum Lotus-Pilot Pastor Maldonado, wéint dem Kimi Räikkönen um Ferrari, deen an der éischter Kéier vu sengem Equipier Sebastian Vettel zu enger Vollbremsung forcéiert gouf. Och den 2. Lotus huet missen an d'Box kommen wéint technesche Problemer, Pech also och fir de Romain Grosjean.

Dowéint gouf et eng Safety-Car-Phas direkt an der éischter Ronn. Duerno huet de Weltmeeschter nees Gas ginn an huet souguer säi Equipier Rosberg 1 Sekonn an der Ronn ofgeholl. Vun der Ronn 10 un huet den Däitschen nees konnten e bësse bäikommen, awer keng Chance fir z'iwwerhuelen.

Den neie Ferrari-Mann Sebastian Vettel huet de Felipa Massa an der Ronn 24 no sengem Boxestopp hannert sech gelooss.

Bei ville Boxestoppen gouf et Problemer, ëmmer nees huet relativ laang gedauert, sou beim Kimi Räikkönen um Ferrari oder dem Carlos Sainz jr um Torro Rosso zum Beispill.

De Kimi Räikkönen huet duerno,  wéi hien als Eenzegen net mat haarde Pneue gefuer ass, konnte vill Terrain ophuelen, vun 11 op d'Plaz 5.

An der 36. Ronn huet de Renault-Motor am Torro Rosso vum Max Verstappen de Geescht opginn. Kee Gléck fir säin Debut.

Out fir de Kimi Räikkönen an der 42. Ronn, hien huet den Auto misse parken, well Ferrari den lénken Pneu hannen net festgemaach hat beim Boxestopp. Dat kéint souguer fir déi nächst Course Konsequenzen hunn, de Virfall gëtt ënnersicht.

Gutt fir de Brasilianer Felipe Nasr, dee mam Sauber eng exzellent 5. Plaz kann verdeedegen. Och an der Course weist de Carlos Sainz jr um Torro Rosso, op der 9. Plaz e gudden Debut. Op der Plaz 8 och ee gudde Job gemaach huet de Marcus Ericsson um 2. Sauber.

Um Enn war et also vum Depart direkt bis an d'Arrivée dës Course fir den Optakt eng kloer Victoire fir de Brit Lewis Hamilton. Zweeten ginn den 2. Mercedes-Pilot Nico Rosberg. Drëtten de Sebastian Vettel um Ferrari, Véierten Felipe Massa um Williams.

1L. Hamilton Mercedes 0
2N. Rosberg Mercedes + 2,800 0
3S. Vettel Ferrari + 32,300 0
4F. Massa Williams F1 + 36,600 0
5F. Nasr Sauber F1 + 85,300 0
6D. Ricciardo Red Bull Racing + 90,100 0
7N. Hülkenberg Force India 1 Rd. 0
8M. Ericsson Sauber F1 1 Rd. 0
9C. Sainz jr. Scud. Toro Rosso 1 Rd. 0
10S. Perez Force India 1 Rd. 0
11. J. Button McLaren

RTL