De Weltmeeschter Lewis Hamilton ass um Samschdeg fir de Grousse Präis vu China an der Formel 1 op d'Pole Position gefuer.

Op de Plazen 2 an 3 stinn den Nico Rosberg um anere Mercedes an de Sebastian Vettel um Ferrari. Duerno kommen déi 2 Williams-Piloten Felipe Massa a Valtteri Bottas.

De Sébastien Grosjean fiert um Sonndeg vun der Plaz 8 erfort.

An der Q1 war et scho Schluss fir déi 2 McLaren-Piloten Jenson Button a Fernando Alonso, déi um Sonndeg vun de Plazen 17 an 18 fortfueren.

An der Q2 war et ënner anerem eriwwer fir de Lotus-Pilot Pastor Maldonado, dee vun der Plaz 11 un den Depart geet.

1. L. HamiltonMercedes01:35.782 
2. N. RosbergMercedes01:35.824 
3. S. VettelFerrari01:36.687 
4. F. MassaWilliams01:36.954 
5. V. BottasWilliams01:37.143 
6. K. RaikkonenFerrari01:37.232 
7. D. RicciardoRed Bull01:37.540 
8. R. GrosjeanLotus01:37.905 
9. F. NasrSauber01:38.067 
10. M. EricssonSauber01:38.158 
11. P. MaldonadoLotus01:38.134 
12. D. KvyatRed Bull01:38.209 
13. M. VerstappenToro Rosso01:38.393 
14. C. Sainz Jr.Toro Rosso01:38.538 
15. S. PerezForce India01:39.290 
16. N. HulkenbergForce India01:39.216 
17. J. ButtonMcLaren01:39.276 
18. F. AlonsoMcLaren01:39.280 
19. W. StevensManor01:42.091 
20. R. MerhiManor01:42.842