De Weltmeeschter Lewis Hamilton huet um Sonndeg de Grousse Präis vu China an der Formel 1 gewonn. Et ass seng 35. Victoire.

Op de Plazen 2 an 3 kommen den Nico Rosberg um anere Mercedes an de Sebastian Vettel um Ferrari. Op der 4. Plaz ass de Kimi Räikkönen um zweete Ferrari.

De Lotus-Pilot Sébastien Grosjean kënnt op d'Plaz 7. De Pastor Maldonado hat eng Beréierung mam Jenson Button, hien ass an der 51. Ronn ausgefall.

Domatter bleift de Lewis Hamilton weider un der Spëtzt vun der Weltranglëscht mat 68 Punkten. De Sebastian Vettel bleift nach Zweete mat 55 Punkten virum Nico Rosberg mat 51 Punkten.

Zu Shanghai si beim Depart déi 3. éischt gutt an an der Start-Reienfolleg ewechkomm. D'Williams-Piloten goufen awer an der 1. Kéier respektiv no bal engem Tour vum 2. Ferrari vum Kimi Räikkönen iwwerholl.  De Sébastien Grosjean huet um Lotus eng Plaz guttgemaach an ass an déi éischt Tier op der Plaz 7 gefuer.

Duerno war et ee wéi gewinnt net esou wierklech spannende China-GP.

Den Nico Hülkenberg um Force India ass an der 10 Ronn mat Motorschued ausgefall.

An der 15. Ronn ass de Lews Hamilton fir den 1. Boxestopp erakomm. An der nächster Ronn war et um zweete Mercedes vum Nico Rosberg. Duerno ass de Sebastian Vettel och méi no un de Sëlwerpfeil komm.

An der 17. Ronn huet de Daniil Kvyat um Red Bull säi Motor gebrannt, hie war deemno out. De Renault-Motor an och Red Bull weider mat Schwieregkeeten.

Den Nico Rosberg huet sech an der 21. Ronn beschwéiert, datt de Leader vun der Course, säin Equipier Lewis Hamilton, ze lues wier fir hien an hien net an deem sengem Wandschied wéilt fueren.

An der 30. Ronn huet den Drëtten Sebastian Vettel iwwerraschend säin 2. Stopp gemaach. Den Zweeten Nico Rosberg war forcéiert, an der nächster Ronn och eranzekommen. Et ass awer bei hirer aler Reiefolleg bliwwen duerno.

Nom 2. Boxestopp vum Leader Lewis Hamilton an der 34. Ronn ass och alles beim ale bliwwen.

An der drëttleschter Ronn gouf et ee Problem mam Toro Rossi vum Max Verstappen: Motorschued. D'Safety Car ass direkt erauskomm a bis um Enn bliwwen.

RTL

Schonn an der nächster Woch geet et da op de GP vum Bahrain.

1. L. HamiltonMercedes1:39:42.008 
2. N. RosbergMercedes+0.714 
3. S. VettelFerrari+2.988 
4. K. RaikkonenFerrari+3.835 
5. F. MassaWilliams+8.544 
6. V. BottasWilliams+9.885 
7. R. GrosjeanLotus+19.008 
8. F. NasrSauber+22.625 
9. D. RicciardoRed Bull+32.117 
10. M. EricssonSauber+1 Lap 
11. S. PerezForce India+1 Lap 
12. F. AlonsoMcLaren+1 Lap 
13. J. ButtonMcLaren+1 Lap 
14. C. Sainz Jr.Toro Rosso+1 Lap 
15. W. StevensManor+2 Laps 
16. R. MerhiManor+2 Laps 
17. M. VerstappenToro Rosso+4 Laps 
 Net fäerdeg gefuer
   
18. P. MaldonadoLotus+7 Laps 
19. D. KvyatRed Bull+41 Laps 
20. N. HulkenbergForce India+47 Laps