Hamilton erëm op der Pole Position

Véiert Course, véiert Pole Position fir de Lewis Hamilton. Och de Sebastian Vettel iwwerzeegt op en neits. Bei McLaren leeft guer näischt zesummen.
De Lewis Hamilton ass am Qualifying an dëser Saison weiderhin net ze klappen. No Australien, Malaysia a China, steet de Weltmeeschter och am Bahrain op der éischter Startplaz.
Als Zweete geet um Sonndeg e bëssen iwwerraschend de Sebastian Vettel an d'Course. De Ferrari-Pilot huet op en neits eng exzellent Prestatioun gebueden.
Enttäuscht dierft dogéint den Nico Rosberg als Drëtte sinn. Den Däitsche läit net nëmmen hannert dem Vettel, mee huet och méi wéi eng hallef Sekonn op säin engleschen Teamkolleg verluer. De Kimi Räikkonen klasséiert sech um zweete Ferrari als Véierten.
De Romain Grosjean huet et um Lotus an de Q3 gepackt, muss sech schlussendlech awer mat der zéngter Plaz zefridde ginn. De Pastor Maldonado start aus der aachter Rei.
Katastrophal ass et am Wüstestaat fir déi béid McLaren gelaf. Während de Fernando Alonso als 14. enttäuscht, start den Jenson Button souguer vun der leschter Plaz.
Den Depart vun der Course ass e Sonndeg um 17h00.
D'Klassement vum Qualifying am Iwwerbléck:
1. | L. Hamilton | Mercedes | ||
2. | S. Vettel | Ferrari | ||
3. | N. Rosberg | Mercedes | ||
4. | K. Raikkonen | Ferrari | ||
5. | V. Bottas | Williams | ||
6. | F. Massa | Williams | ||
7. | D. Ricciardo | Red Bull | ||
8. | N. Hülkenberg | Force India | ||
9. | C. Sainz | Toro Rosso | ||
10. | R. Grosjean | Lotus | ||
11. | S. Perez | Force India | ||
12. | F. Nasr | Sauber | ||
13. | M. Ericsson | Sauber | ||
14. | F. Alonso | McLaren | ||
15. | M. Verstappen | Toro Rosso | ||
16. | P. Maldonado | Lotus | ||
17. | D. Kvyat | Red Bull | ||
18. | W. Stevens | Manor | ||
19. | R. Merhi | Manor | ||
20. | J. Button | McLaren |