Victoire vum Lewis Hamilton

Mat um Podium stinn de Ferrari Pilot Kimi Raikönnen an de Nico Rosberg, genau wei den Hamilton och op Mercedes.
De Sebastian Vettel gëtt de fenneften, hannert dem Valtteri Bottas. De Romain Grosjean um Lotus kennt um Enn op déi 7. Plaz.
Fir de Lewis Hamilton ass et déi drëtten Victoire no véier Coursen.Nodeems hien jo um Samschdeg schonn d'Pole-Positioun kloer gemaach hat, huet hien an der Course guer näischt ubrenne gelooss an konnt eng Start-Zil Victoire feieren.
Am General leit hien och deementspriechend souverän vir. Hien huet mat 93 Punkte, schonns eng Avance vu 27 Punkten op säin Co-Equipier Nico Rosberg an 28 Punkten op de Sebastian Vettel.
D'Resultat vum groussen Präis vun Bahrain am Iwwerbléck:
1 Lewis Hamilton Mercedes
2 Kimi Räikkönen Ferrari
3 Nico Rosberg Mercedes
4 Valtteri Bottas Williams
5 Sebastian Vettel Ferrari
6 Daniel Ricciardo Red Bull Racing
7 Romain Grosjean Lotus F1 Team
8 Sergio Pérez Force India
9 Felipe Massa Williams
10 Daniil Kvyat Red Bull Racing
11 Fernando Alonso McLaren
12 Luíz Nasr Sauber
13 Nico Hülkenberg Force India
14 Marcus Ericsson Sauber
15 Pastor Maldonado Lotus F1 Team
16 Will Stevens Manor F1 Team
17 Roberto Merhi Manor F1 Team
18 Max Verstappen Toro Rosso
19 Carlos Sainz Jr Toro Rosso
20 Jenson Button McLaren