Pole um Circuit de Catalunya fir den Nico Rosberg

Den Auto vum Nico Rosberg / © AFP
Alles huet ne engem Mercedes-Zweekampf ausgesinn, nodeem de Rosberg um groussen Deel vum Weekend d'Nues virum Hamilton hat, wou wéi och um Samschdeg.
Beim Q1 gouf et eng méi oder wéineger kleng Iwwerraschung, déi zwee McLaren Honda konnte sech an den nächsten Zyklus retten. Dofir sinn awer déi zwee Manor, mam Mehri (20) a Stevens (19), déi zwee Force Indiaen, mam Perez (18) an Hülkenberg (17) an de Ericson op Sauber erausgefall.
Dann am Q2 war et awer eriwwer, fir déi zwee McLaren, déi mam Button (14) an Alonso (13) erausgeflu sinn. Och d'Hoffnung op d'Pole hunnde Nasr um Sauber (15) an déi zwee Lotus, Maldonado (12) a Grosjean (11) missten opginn.
Am drëtten an entscheedenden Qualifikatiounslaf konnt sech de Rosberg virum Hamilton behaapten. Dëst hat sech iwwer de ganze Wekend schonn ugedeit. Op Plaz 3 fiert de Sebastian Vettel op Ferrari, dohannert komme Bottas op Williams, Sainz Jr. op Torro Rosso, Verstappen op Torro Rosso, Räikkönen op Ferrari, Kvyat um Red Bull, Massa op Williams a Ricciardo um Red Bull.
Déi ganz Startopstellung:
1. Nico Rosberg (Mercedes)
2. Lewis Hamilton (Mercedes)
3. Sebastian Vettel (Ferrari)
4. Valtteri Bottas (Williams)
5. Carlos Sainz Jr. (Torro Rosso)
6. Max Verstappen (Torro Rosso)
7. Kimi Räikkönen (Ferrari)
8. Danil Kvyat (Red Bull)
9. Felipe Massa (Williams)
10. Daniel Ricciardo (Red Bull)
11. Romain Grosjean (Lotus)
12. Pastor Maldonado (Lotus)
13. Fernando Alonso (McLaren)
14. Jenson Button (McLaren)
15. Luiz Flipe de Oliveira Nasr (Sauber)
16. Marcus Ericsson (Sauber)
17. Nico Hülkenberg (Force India)
18. Sergio Perez (Force India)
19. Will Stevens (Manor)
20. Roberto Merhi (Manor)