Rosberg wënnt zu Barcelona

Éischt Victoire an dëser Saison fir den Nico Rosberg. Den däitsche Vizeweltmeeschter wënnt a Katalounien virum Lewis Hamilton an dem Sebastian Vettel.
An enger Course ouni déi ganz grouss Highlights ass d'Entscheedung schonns quasi beim Depart gefall. De Polesetter Nico Rosberg ass exzellent fortkomm an ass souverän a Féierung an déi éischte Kéier gaangen.Hannendrun ass et sengem Equipier Lewis Hamilton net esou gutt ergaangen. De Brit ass direkt vum Sebastian Vettel op Ferrari depasséiert ginn an huet sech och nach hefteg misse géint dem Valtteri Bottas säi Williams wieren.
Nom Zeréckfalen op déi drëtte Plaz huet de Weltmeeschter du séier seng Strategie geännert. Am Géigesaz zu Vettel a Rosberg, ass den Hamilton nämlech direkt dräi Mol un d'Box komm fir seng Pneuen ze wiesselen. Eng Taktik, déi schlussendlech zwar net fir déi véierte Victoire an dëser Saison duergaangen ass, mee mat der de Brit nom drëtte Stop awer wéinstens de Vettel nees op déi drëtte Plaz verdrängt huet.
An deene leschte 15 Ronnen ass den Hamilton nach eemol mat Medium-Pneuen un de Rosberg erukomm. Ënner zéng Sekonne sollt d'Avance vum Däitschen awer net falen, soudass de Vizeweltmeeschter seng éischt Victoire an dëser Saison feiere konnt.
Am WM-Klassement läit den Hamilton (111) no fënnef Course awer nach ëmmer däitlech viru sengem Equipier (91). De Sebastian Vettel läit no engem weidere Podium och do op der drëtter Plaz (80.)
Fir déi zwee Lotus-Piloten Romain Grosjean a Pastor Maldonado ass net alles wéi geplangt gelaf. Während de Fransous bei engem Boxestopp bal de Lollipop-Männchen iwwerrannt huet, ass de Kolumbianer quasi déi ganz Course mat engem futtissen Heckfligel gefuer. Um Enn gëtt de Grosjean nach dee gudden Aachten. De Maldonado huet säin Auto an deene leschte Ronnen an der Box geparkt.
De Lokalmatador Fernando Alonso hat kee glécklechen Optrëtt a Katalounien. De Spuenier huet säi McLaren wéinst Bremsproblemer no 28 Ronne missten an der Box ofstellen. Freeë konnten sech déi spuenesch Spectateuren awer iwwert d'Leeschtung vum Carlos Sainz. De jonke Red Bull Pilot huet eng ganz couragéiert Leeschtung gewisen a fiert um Enn als gudden Néngten iwwert d'Arrivée.
An zwou Woche geet et mam prestigiéise GP vu Monaco weider.
D'Klassement am Iwwerbléck:
1. | N. Rosberg | Mercedes | 1:41:12.555 | |
2. | L. Hamilton | Mercedes | + 17.551 | |
3. | S. Vettel | Ferrari | + 45.342 | |
4. | V. Bottas | Williams | + 59.217 | |
5. | K. Raikkonen | Ferrari | + 1:00.002 | |
6. | F. Massa | Williams | + 1:21.314 | |
7. | D. Ricciardo | Red Bull | + 1 Ronn | |
8. | R. Grosjean | Lotus | + 1 Ronn | |
9. | C. Sainz | Toro Rosso | + 1 Ronn | |
10. | D. Kwjat | Red Bull | + 1 Ronn | |
11. | M. Verstappen | Toro Rosso | + 1 Ronn | |
12. | F. Nasr | Sauber | + 1 Ronn | |
13. | S. Perez | Force India | + 1 Ronn | |
14. | M. Ericsson | Sauber | + 1 Ronn | |
15. | N. Hülkenberg | Force India | + 1 Ronn | |
16. | J. Button | McLaren | + 1 Ronn | |
17. | W. Stevens | Manor | + 3 Ronnen | |
18. | R. Merhi | Manor | + 4 Ronnen | |
19. | P. Maldonado | Lotus | DNF | |
20. | F. Alonso | McLaren | DNF | |