Red Bull wëll Motore vun Audi

© AFP
"Entweder Audi kënnt dobäi, oder mir halen op" sot den Helmut Marko der BBC. Bei Red Bull ass ee mat de Renault-Motoren déck onzefridden.
"War Red Bull an noer Zukunft kee Motor kritt, mat deem ee mathale kann, klëmmt entweder Audi an oder mir klammen eraus" sot de Red-Bull Motorsport Beroder Helmut Marko der BBC.
Aktuell géif et awer tëscht den Éisträicher vu Red Bull an Audi offiziell nach keng Gespréicher ginn, just vill Gerüchter.
Dës Ausso kënnt, well ee bei Red Bull no der Motorrevolutioun just nach hannendru fiert an net méi, wéi nach virdrun, ëm d'Weltmeeschterschaft fuere konnt. Dowéinst ass een och éischter enttäuscht vum neien Turbo-Hyrid-Motor vu Renault.
D'Gerücht, datt Audi, Duechtergesellschaft vu VW, an d'Formel 1 eraklamme wéilt, gëtt et scho méi laang. Dat elo den Ex-Ferrari-Teamchef Stefano Domenicali fir Audi schafft, huet d'Gerüchter nach méi ugeheizt.
Fir Audi ass d'Formel 1 an Zukunft vläit eng Optioun, och wann een am Moment mat anere Sport-Projete genuch ze dinn huet, seet den Audi-Chef Rupert Stadler.