Laang Zäit gesäit zu Monaco alles no engem dominanten Hamilton-Succès aus. Ee strategesche Feeler schenkt dem Rosberg allerdéngs d'Victoire virum Vettel.

Op der Pole Positioun gestart, huet den Hamilton seng Féierung an der Sainte Devote verteidegt an huet dono seng Avance op säin Equipier Nico Rosberg konstant vergréissert. Den Däitsche Vizeweltmeeschter louch séier zéng Sekonnen hannen an huet sech éischter misse géint de Sebastian Vettel wieren, wéi dass hien hätt kéinten d'Lach op den Hamilton zoufueren.

De Ferrari-Pilot huet probéiert de Rosberg duerch ee méi fréie Boxestopp ze iwwerhuelen, mee Mercedes huet sech vun deem Plang net iwwerrasche gelooss.

Wéi alles nom véierte Succès an der sechster Course fir de Britesche Weltmeeschter ausgesinn huet, sollten d'Evenementer sech an enger bis dohi langweileger Course banne puer Ronnen iwwerschloen.

An der 65. Ronn huet de Max Verstappen bei engem spektakulären Duell géint de Romain Grosjean d'Nerve verluer an ass um Enn vun der Ligne d'Arrivée mat vollem Tempo an d'Ofspärung gekraacht.

Dem jonken Hollänner ass näischt geschitt, mee d'Safety-Car ass op d'Streck komm. Well d'Mercedes-Crew geduecht huet, dem Hamilton seng Avance wier grouss genuch an als éischt och just eng virtuell Safety-Car-Phase ugekënnegt war, huet d'Ecurie de Brit an d'Box geruff fir op ganz mëll Pneuen ze wiesselen.

D'Avance sollt awer just net grouss genuch sinn an dee bis dohin dominante Hamilton ass no sengem Stop virun der Sainte Devote net nëmme vum Nico Rosberg, mee och souguer vum Sebastian Vettel iwwerholl ginn. De Brit war no deem schwéieren taktesche Feeler vu senger Equipe natierlech nëmme schwéier ze berouegen.

RTL

Sou dierf den Nico Rosberg sech iwwerraschend iwwert déi zweete Victoire an dëser Saison freeën a verkierzt och am WM-Klassement säi Retard op säin Equipier (126 - 116). Drëtten am General bleift de Sebastian Vettel (98).

Nieft dem exzellente Resultat fir déi zwee Red Bull Daniel Kwjat (4.) an Daniel Ricciardo (5.), konnt och de Sergio Perez als Siwenten op sengem Force India ee ganz staarkt Resultat feieren.

Ee schwaarzen Nomëtteg gouf et alt erëm fir de Fernando Alonso. Nodeems de Spuenier am Ufank vun der Course, no engem Accrochage mam Nico Hülkenberg, zu enger Fënnef-Sekonne-Strof verdonnert gouf, huet an der 43. Ronn d'Boîte de McLaren-Pilot am Stach gelooss.

Keng Chance haten och op en neits déi zwee Lotus-Piloten. De Pastor Maldonado, am Qualifying nach dee gudden Aachten, huet säi Bolid schonns an der aachter Ronn wéinst Problemer mat den hënneschte Bremsen missten ofstellen. De Romain Grosjean louch virum Accrochage mam Max Verstappen an de Punkten, muss sech schlussendlech awer als Zwieleften zefridde ginn.