De Lewis Hamilton ass a Kanada net ze klappen. Fir säin Equipier Nico Rosberg bleift just déi zweete Plaz. De Sebastian Vettel fiert ganz wäit no vir.

Zwou Wochen nom kuriéise Monaco-GP huet de Lewis Hamilton seng Spëtzepositioun am WM-Klassement op en neits ënnermauert a schonns seng véierte Victoire fir dës Saison erausgefuer.

De Brit, deen a Kanada vun der Pole Position gestart war, louch déi ganz Course iwwer op der éischter Plaz an huet sech zu kengem Ablack misse géint Ugrëff vu sengem däitschen Teamkolleg wieren.

Allkéiers wann de Rosberg e bësse méi no erukomm ass, huet de Weltmeeschter e puer Zéngtel dropgeluecht. Op déi Manéier konnt de Rosberg ni an d'DRS-Fënster fueren fir dem Hamilton richteg geféierlech ze ginn.

Als Drëtte sammelt de Valtteri Bottas weider wichteg Punkte fir Williams. De Finn huet dobäi allerdéngs vun engem Dréier vu sengem Compatriot Kimi Räikkonen profitéiert. De Ferrari-Pilot hat an der 28. Ronn d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an huet sech sou misse mat der véierter Plaz zefridde ginn.

Fulminant Course Poursuite vum Vettel

Eng méi wéi spektakulär Course ass deen zweete Ferrari-Pilot Sebastian Vettel gefuer. De véierfache Weltmeeschter war wéinst technesche Problemer just als 18. un den Depart gaangen.

No enger fulminanter Course Poursuite konnt den Heppenheimer sech um Schluss awer als Fënneften nach iwwer 10 Punkte freeën. Dobäi hat den Däitschen awer Chance, dass en no engem Accrochage mam Nico Hülkenberg net verwarnt ginn ass.

Nieft dem Sebastian Vettel huet och de Felipe Massa eng ganz staark Course realiséiert. Als 15. gestart, ass de Brasilianer nach op déi sechste Plaz no vir gefuer.

Grosjean-Feeler kascht vill Punkten

Lotus konnt deen exzellenten Qualifying (5. a 6. Plaz) net ganz ëmmënzen. Während de Pastor Maldonado als Siwenten eng ganz uerdentlech Leeschtung gebueden huet, ass dem Romain Grosjean ee schwéiere Feeler ënnerlaf.

De Fransous huet sech beim Iwwerronnen den hënneschte Pneu um Stevens sengem Manor opgeschlitzt an huet zousätzlech eng Fënnef-Sekonne-Strof kasséiert. Méi wéi eng zéngte Plaz konnt do net méi fir de Lotus-Pilot eraussprangen.

Punkte ginn et och fir den Nico Hülkenberg (8.) op Force India souwuel fir den Daniel Kwjat (9.) op Red Bull.

Hamilton baut WM-Féierung erëm aus

Ee Grand Prix fir ze vergiessen gouf et och op en neits fir McLaren. Souwuel de Fernando Alonso, wéi och den Jenson Button hunn hir Gefierer missen an der Box ofstellen.

Am WM-Klassement vergréissert de Lewis Hamilton (151) seng Avance op siwwenzéng Punkten viru sengem Equipier Nico Rosberg (134). De Sebastian Vettel huet als Drëtte schonns 43 Punkte Retard.

An zwou Woche geet et mam Grand Prix vun Éisterräich weider.

D'Klassement zu Montreal am Iwwerbléck:

1. L. HamiltonMercedes  
2. N. RosbergMercedes+ 2''2 
3. V. BottasWilliams+ 40''6 
4. K. RaikkonenFerrari+ 45''6 
5. S. VettelFerrari+ 49''9 
6. F. MassaWilliams+ 56''3 
7. P. MaldonadoLotus+ 1'06''6 
8. N. HülkenbergForce India+ 1 Ronn 
9. D. KwjatRed Bull+ 1 Ronn  
10. R. GrosjeanLotus+ 1 Ronn 
11.S. PerezLotus+ 1 Ronn  
12.C. Sainz Toro Rosso+ 1 Ronn  
13.D. RicciardoRed Bull+ 1 Ronn  
14.M. EricssonSauber+ 1 Ronn  
15.M. VerstappenToro Rosso+ 1 Ronn  
16.F. NasrSauber+ 2 Ronnen 
17.W. StevensManor+ 4 Ronnen 
18.R. MerhiManorDNF 
19.J. ButtonMcLarenDNF 
20.F. AlonsoMcLarenDNF