Victoire fir de Rosberg an Éisträich

© AFP
De Nico Rosberg wënnt um Red Bull Ring. Op Plazen zwee an dräi kommen den Hamilton an de Filipe Massa. Alonso a Räikkönen no Crash eraus.
Direkt an der éischter Ronn huet de Safety Car missten erauskommen, dëst nodeem dem Räikkönen seng Rieder duerchgedréint hunn an hien de Alonso ze pake krut. Bei dem spektakulären Accident gouf zum Gléck kee vun de Pilote blesséiert.
E gudde Start hat de Rosberg. Hie konnt nach virun der éischter Kéier säin Teamkolleg iwwerhuelen an déi éischt Plaz géint och beim Neistart verdeedegen.
Nodeems de Lewis Hamilton also kee gudde Start hatt, ass et am Recht vun der Course och ongënschteg fir de Brit weidergaang. Nodeems de Mercedes Pilot nämlech no sengem Boxestop beim zeréck op d'Streck fueren iwwert déi berühmten wäiss Linn gefuer ass, krut den Hamilton eng fënnef Sekonne Strof.
Pech hatt och de Sebastian Vettel. Beim sengem Boxestop hat d'Ferrari-Equipe nämlech e Problem dat hënnescht riets Rad ze wiesselen an sou huet den Ex-Weltmeeschter ganz wichteg Sekonne verluer an ass vun der drëtter op déi véierte Plaz zeréckgefall.
Fënnefte gëtt um Enn de Bottas um Williams, dat virum Nico Hülkenberg an dem Maldonado op Lotus. Op d' Plazen acht, neng an zeng fueren de jonke Max Verstappen, de Sergio Perez an den Daniel Ricciardo um Red Bull.
Am General ass de Lewis Hamilton weider un der Spëtzt, dat zéng Punkte virum Nico Rosberg an 49 virun dem Sebastian Vettel.