An enger ganz animéierter Course a Groussbritannien zu Silverstone, wënnt de Lokalmatador Lewis Hamilton. Zweete gëtt de Rosberg, virum Sebastian Vettel.

Nodeems déi zwee Mercedes-Piloten Lewis Hamilton a Nico Rosberg ganz schlecht ewech komm sinn, loung de Filipe Massa nom Start fir, dat virum Lewis Hamilton an dem Bottas. 
An der éischter Ronn war et dunn ganz hektesch lassgaangen a während d'Williams an d'Mercedes Piloten un der Spëtzt gekämpft hunn, sinn méi weit hannen net manner ewéi fënnef Piloten ausgescheet, ënnert hinnen och déi béid Lotus-Piloten Maldonado a Grosjean. Duerch déi ganz Accidenter huet missen d'Safety Car erauskommen.
Nodeems de Lewis Hamilton net konnt laanscht de Filipe Massa kommen, huet d'Mercedes-Crew decidéiert de Brit éischter an d'Box kommen ze loossen an déi Taktik sollt dann och opgoen. No sengem Stopp, huet den Hamilton nämlech puer ganz séier Ronnen konnten realiséieren an huet de Massa esou konnten iwwerhuelen. 
Wéi dunn an der 37. Ronn de Reen agesat huet, hunn d'Evenementer sech iwwerschloen. Hei war de Valtteri Bottas, deen deen am meeschten huet missen drënner leiden. De Finn huet nämlech duerch eng schlecht Taktik seng drëtt Plaz verluer an ass op déi fënneft Plaz zeréckgefall. Hie gouf genau ewéi säin Co-Equipier Massa vum Rosberg an vum Vettel iwwerholl.
Um Enn stinn also de Weltmeeschter Hamilton, de Nico Rosberg an de Sebastian Vettel um Podium.

Am General huet de Lewis Hamilton also seng Avance op de Nico Rosberg konnten ausbauen .