9 Méint nom Horrorcrash - Jules Bianchi ass dout

De Formel 1-Pilot Jules Bianchi ass no sengem Crash beim Grousse Präis vu Japan de 5. Oktober elo u sengen uerge Kappverletzunge gestuerwen.
Op naasser Streck um grousse Präis vu Japan war de Marussia-Pilot mat sengem Formelwon an e Kran gerannt a loung zanterhier am Koma.
Et gouf just nach wéineg Hoffnung, dass de jonke Pilot nach eemol gesond sollt ginn. An der Nuecht op e Samschdeg koum dunn déi traureg Nouvelle, dass de 25 Joer jonke Fransous zu Nice am Spidol gestuerwen ass.
De leschten déidleche Formel 1-Accident gouf et 1994 beim grousse Präis vun Italien zu Imola... do war beim Rennen de Brasilianer Ayrton Senna ëm d'Liewe komm, den Dag virdrun war beim selwechte Rennen och den Éisträicher Roland Ratzenberger a sengem Smitek déidlech verongléckt.
Vill Leit hunn um Samschdeg bedauert, wat dem jonke Fransous geschitt ass, ënnert hinnen och de François Hollande an den Eddie Jordan. Den Alain Prost sot an engem Interview, dat de Jules Bianchi déi nächst grouss franséisch Hoffnung war.