D'FIA huet elo en Tëscherapport mat den Detailer vum fatalen Accident publizéiert. De Jules Bianchi ass jo no 9 Méint un de Suitte gestuerwen.

De Jules Bianchi war beim grousse Präis vu Japan virun 9 Méint mat 254 G géint ee Kran um Bord vun der Streck geknuppt. Dat ass 254 Mol d'Gewiicht vum Kapp mam Helm.

Dat geet aus engem Tëscherapport vun der FIA ervir. Et wier sou, wéi wann een den Auto aus 48 Meter Héicht ongebremst op de Buedem géing fale loossen, sou een Expert.

Den 25 Joer ale Fransous war e Freideg no 9 Méint am Koma gestuerwen.

Um Dënschdeg hunn d'Famill, d'Frënn, d'Kollegen an d'Fans dem franséische Formel-1-Pilot Jules Bianchi eng leschte Kéier Äddi gesot.

An der Kathedral vu senger Heemechtsstad Nice war um Dënschdeg de Moien eng Trauerzeremonie.

Zougelooss fir d'Mass waren awer just d'Famill an d'Frënn vum Verstuerwenen. Sou goufen nieft der Famill ënner anerem och den Nico Rosberg, de Felipe Massa, de Sebastian Vettel, de Romain Grosjean an den Jenson Button zu Nice an och de Lewis Hamilton erwaart. Och de FIA-President Jean Todt, de franséische Sportsminister Thierry Braillard an de véierfache Champion Alain Prost waren op der Plaz.

D'Fans vum Jules Bianchi goufen opgeruff, sech virun der Kierch ze versammelen.

Nach virum Begriefnis huet d'FIA ee besonnesche Geste gemaach. Deemno gëtt an der Formel 1 dem Jules Bianchi seng Startnummer 17 net méi verginn.

De Formel 1 Pilot wor de leschte Freideg am Alter vu 25 Joer an engem Spidol zu Nice gestuerwen. Hie loung déi lescht 9 Méint am Koma, no engem Crash beim Grousse Präis vu Japan de 5. Oktober zu Suzuka. Hie wor deemools ganz uerg um Kapp blesséiert ginn.

Op naasser Streck war de Marussia-Pilot mat sengem Formelwon an e Kran gerannt a loung wéi gesot zanterhier am Koma. Et gouf just nach wéineg Hoffnung, dass de jonke Pilot nach eemol gesond sollt ginn.

De leschten déidleche Formel 1-Accident gouf et 1994 beim grousse Präis vun Italien zu Imola ... do war beim Rennen de Brasilianer Ayrton Senna ëm d'Liewe komm, den Dag virdru war bei der selwechter Course och den Éisträicher Roland Ratzenberger a sengem Smitek déidlech verongléckt.