De Sebastian Vettel huet de Grousse Präis vun Ungarn gewonnen, nodeems de Lewis Hamilton an der éischter Ronn déi éischt Plaz verluer hat.

De Lewis Hamilton, deen vun der Pole gestart war, huet seng Plaz an der éischter Ronn scho rëm verluer, wéi hien no engem mësslongenen Iwwerhuelmanöver vun der Piste geflunn ass a kuerz dono op déi 10. Plaz zréckgefall ass. Den Mercedes-Pilot a WM-Leader ass schlussendlech 6. ginn.

Vum Feeler vum Mercedes-Pilot huet de Sebastian Vettel profitéiert, dee vun der drëtter Plaz op déi éischt gefuer war an déi bis zum Schluss hale konnt.

Spannend gouf et awer an der 44. Ronn, an där den Nico Hülkenberg vun der Piste geflu war an e Safety Car huet missen intervenéieren, wouduerch de Sebastian Vettel säi bis dohinner ausgebaute Virsprong vun 8 respektiv 15 Sekonnen op de Kimi Räikkönen an den Nico Rosberg nees verluer hat.

Den Nico Rosberg hat no engem Incident mam Daniel Ricciardo an der 65. Ronn e Platten an huet domadder och seng bis dohinner 2. Plaz verluer an ass 8. ginn.

De Sebastian Vettel ass virum Daniil Kvyat am dem Daniel Ricciardo Éischte ginn an huet seng Victoire iwwert den Team-Radio dem Jules Bianchi gewidmet.

AUDIO: Sebastian Vettel Team Radio
RTL

Am General ass de Lewis Hamilton awer nach ëmmer vir an dat mat 202 Punkten, den Nico Rosberg ass 2. mat 181 Punkten an den Drëtten am Klassement ass de Sebastian Vettel mat 160 Punkten, dee mat senger Victoire de Réckstand op déi éischte Plaz vun 59 op 42 Punkte verkierze konnt.