4 Wochen nom Grousse Präis vun Ungarn ass an der Formel 1 d'Summerpaus eriwwer an d'Piloten huelen den zweeten Deel vun der Saison an Ugrëff.

Lass geet et de Weekend mam Grouss Präis vun der Belsch.

Um Circuit vu Spa-Francorchamps gëtt déi eescht Phase vun der Saison agelaut an d'Juegd op den Leader an der WM-Wäertung Lewis Hamilton ass lancéiert. 21 respektiv 42 Punkten Avance huet de Brit op seng Verfolger Nico Rosberg a Sebastian Vettel virun der zweeter Halschent vun der Saison. D'Pilote si frou zeréck an hire Maschinnen ze sëtzen, sou och de Fransous Romain Grosjean. Et wier einfach flott bei guddem Wieder sou eng flott Pist wéi Spa ze fueren.

Zanter 2007 gehéiert de Circuit zu Spa-Francorchamps, dee bei de Pilote ganz beléift ass, erëm zum Formel 1-Kalenner. Wat dëse Circuit sou besonnesch mécht an op wat et u kënnt, weess de 29 Joer ale Fransous. Et wier de längste Circuit vun der Sasion mat laange Riichten an engem Mëttelsekter mat ville Kéieren.

De Moment steet de Pilot vu Lotus an der WM-Wäertung op der 10. Plaz mat 23 Punkten. An do soll e Sonndeg an der Course deen een oder anere Punkt dobäi kommen. Et wiere vill Geleeënheete fir z'iwwerhuelen, sou de Romain Grosjean. Hien hofft, datt déi nei Verbesserunge vum Auto och gräifen.
De beschte Start an de Weekend haten déi zwee Mercedes-Piloten. Beim zweete Fräien Training war de Nico Rosberg dee Séiersten. Den Däitschen hat e klore Virsprong op säin Teamkolleg Lewis Hamilton. Hannendru kommen déi zwee Redbull-Pilote Ricciardo a Kvyat. De Grosjean war de 7. an de Pastor Maldonado um zweete Lotus den 15.

Um Samschdeg um 14 Auer ass dann de Qualifying.

AUDIO: Formel 1/Reportage Lynn Kayser