Nodeems de Lewis Hamilton vun der Pole gestart war, konnt hien och d'Course gewannen. Déi 2. Plaz war fir den Nico Rosberg an de Romain Grosjean gëtt 3.

Domadder war dat e weideren Doublé fir Mercedes dës Saison, nodeems de Lewis Hamilton d'Course konnt fir sech entscheeden a säin Teamkolleg den Nico Rosberg op d'2. Plaz gefuer ass.

Drëtten ass de Fransous Romain Grosjean vu Lotus ginn, obwuel et bis zwou Ronne viru Schluss net dono ausgesinn huet.

De Sebastian Vettel war nämlech bis kuerz viru Schluss drëtten, éier datt him e Pneu geplatzt ass.

Am General bleift de Lewis Hamilton weiderhin éischte virum Nico Rosberg an de Sebastian Vettel fält no sengem Ongléck op déi 12. Plaz.