"D'Léisung am Sträit mam Charles Pic läit um Dësch"
Den Teamchef vun Lotus, den Alan Permane sot an engem Interview, datt d'Ecurie an der schlëmmster Finanzkris wär, déi si jee gehat hätten.
E Sonndeg gouf et an der Formel 1 fir d'Ecurie Lotus beim Grousse Präis vun der Belsch jo e ganz positiivt Resultat um Circuit, mat der drëtter Plaz vum Fransous Romain Grosjean.
Nieft der Streck ass et no der Course awer méi onroueg gewiescht. Huissieren hunn d'Monoplacen an d'Material vun Lotus zu Spa behalen.
Et geet drëms, datt de Charles Pic, gär 800.000 Euro vun der Ecurie vum Gérard Lopez hätt, well säi Kontrakt, als Testpilot zejoert net respektéiert gi wär. Den Teamchef vun Lotus, den Alan Permane sot an engem Interview, datt d'Ecurie an der schlëmmster Finanzkris wär, déi si jee gehat hätten.
De Gérard Lopez reagéiert vis-à-vis vun RTL mat der Ausso, datt déi Huissiere scho vun e Freideg zu Spa gewiescht wieren. Et wier och esou, datt déi Saachen och an der Vergaangenheet ëmmer zu Spa géinge geschéien. Force India wier genee dat nämmlecht geschitt virun e puer Joer.
Et hätt een effektiv ee Kontrakt mam Charles Pic als Testpilot gehat, sou de Gérard Lopez. 2014 hätt een awer enorm vill technesch Problemer gehat, sou datt de Charles Pic net déi Deeg konnt fueren, an deenen hie wollt fueren. Et géif awer baussent der Kontroll vu Lotus leien. Et géif derwéint och e Prozess bei enger Cour d'Arbitrage an der Schwäiz lafen. D'Huissiere waren awer net do, well een do recht oder onrecht krut, mä well et an der Belsch ee Gesetz gëtt, wat erlaabt, datt een eng Saisie provisoire ka maachen. Et wier ee sech eens mam Charles Pic eens.
Am Moment lafen och nach ëmmer serieux Gespréicher tëscht Lotus a Renault. De franséischen Automobilkonstrukteur ass jo drun interesséiert, nees eng eegen Ecurie am Formel 1 Zirkus ze hunn. Wa Renault eppes mat Lotus mécht, wëllen d'Fransouse schonn d'Majoritéit iwwerhuelen, et ass awer ze fréi fir ze soen, wei et ausgeet, seet de Gerard Lopez.