Finanziell muss d'Formel 1-Ecurie Lotus sech der Decken no strecken. Mat Renault steet en alen neie Partner an de Startbléck.

AUDIO: Lotus/Reportage Franky Hippert

Sportlech geet et dës Saison bei der Ecurie vum Gerard Lopez nees biergop. Net méi spéit wei e Sonndeg stoung de Lotus-Pilot Romain Grosjean op der drëtter Träppchen beim Grousse Präis vun der Belsch zu Spa-Francorchamps. Et ass e Gefill, datt se elo schonn eng Zäitchen net méi bei Lotus kannt hunn, de Proprietaire vun der Ecurie Gerard Lopez: 2014 war ee schwéier Joer. 2015 ass een zréck an den Top Ten

Wéi eng zwee Piloten sëtzen d'nächst Saison an de Monoplacen vun Entsone? De Fransous Romain Grosjean léisst wéineg Grond fir ze meckeren. Beim zweete Pilot, dem Pastor Maldonado aus dem Venezuela, gesäit dat schonn anescht aus: De Maldonado géif villes ubrenne loossen, wéi och de Romain Grosjean virun e puer Joer. Elo wier de Romain een unerkannte Pilot. Ob een de Maldonado ersetzt, doriwwer géif ee sech réischt Enn September Gedanke maachen.

E potentielle Partner fir d'Ecurie Lotus kéint nees Renault ginn, datt ass op alle Fall dat, wat een an de Formel-1 Coulissen héiert, dozou de Gerard Lopez: Natierlech wieren een an Diskussiounen. Et wier een net ofgeneigt.

D'Fro stellt sech, wéi an där eventuell neier Partnerschaft, Lotus vum Gerard Lopez an Renault, d'Opdeelung vun de Parten kéint ausgesinn. Et ass jo ëmmer nees ze héieren, datt Renault op d'mannst 51 Prozent wéilt. Op där anerer Säit géif ee jo awer och nees bei dee Motorfabrikant zeréckgoen, mat deem een d'lescht Saison esou onzefridden war: Et hätt een par Rapport vun 2014 ee Sprong gemaach, dat hätt ee jo zu Spa gesinn. Et wier eng Saach vun Entwécklung.

Ob Renault Lotus iwwerhëlt, steet nach an de Stären. Well um Bord vum Grousse Präis vun der Belsch huet de franséischen Automobilkonstrukteur Gespréicher mat de Responsabelen vun der indescher Formel 1-Ecurie Force India féiere gelooss.