Ob Renault déi nächst Saison Lotus iwwerhëlt, steet nach ëmmer net fest.

Eng séier Léisung schéngt net an Aussiicht ze stoen, obschonn sech déi finanziell Situatioun bei der Ecurie vum Gerard Lopez ëmmer weider zouspëtzt.

Dass et iwwerhaapt nach weidergeet, dofir huet de Bernie Ecclestone gesuergt. De Formel-1-Boss huet am Juli Paie vun de 400 Lotus-Mataarbechter bezuelt. De Brite wollt, dass et de Leit gutt geet an d'Ecurie et wéinstens bis op Spa an hoffentlech och nach bis an Italien packt.

Weider zitéiert Times den Ecclestone, dass een elo awer sou séier wéi méiglech misst an de Verhandlunge mat Renault weider kommen, fir dass alles gutt gëtt.