Formel 1
Massa a Bottas verlängere bei Williams

© afp
De Brasilianer an de Finlänner sëtzen och 2016 hannert dem Steierrad vun de Williams.
Williams seet sech ganz frou iwwert d'Verlängerung vun de Contracter a gesäit sech mat dësen zwee Fuerer och exzellent opgestallt fir déi nei Saison.
De 34 Joer ale Felipe Massa ass zanter 2014 bei Williams a konnt an där Zäit dräi Podiumsplaze realiséieren. De Valtterie Bottas gëlt als ee vun de villverspriechendsten Talenter an der Formel 1.
Am meeschte gelies