Formel 1
Nei Problemer fir Lotus

© afp
Virum grousse Präis vun Italien zu Monza gëtt et nees Exigence vun engem neie Grupp vu Créancierën, deen sech forméiert huet.
An der Formel 1 kéint fir Lotus nees en ongemittleche Weekend virun der Dir stoen.
Schonn zu Spa virun 2 Wochen hat d’Ecurie vum Lëtzebuerger Gérard Lopez Problemer mat der Justice wéint finanzielle Fuerderunge vum Testpilot Charles Pic. Elo, virum grousse Präis vun Italien zu Monza, gëtt et nees Exigence vun engem neie Grupp vu Créancierën, deen sech forméiert, an e Freideg zu London viru Geriicht seng Doléance presentéiert huet.
D'Dierwiechter kéinten also och zu Monza erëm opkräizen an d’Ecurie Lotus mat neie Fuerderungen confrontéieren.
Am meeschte gelies