Pole Position zu Singapur fir de Sebastian Vettel

De Sebastian Vettel hat bis elo e staarke Weekend zu Singapur. / © AFP
Et war e gudde Weekend fir Ferrari a Red Bull. Ma um Schluss vum Qualifying konnt sech de Sebastian Vettel op Ferrari d'Pole sécheren.
Am Q1 war et de Jenson Button, deen als leschten iwwer d'Linn gefuer ass a sech domadder just nach op déi 15. Plaz rette konnt an esou mat sengem McLaren och am Q2 un den Depart dierf goen. Net méi dobäi sinn de Felipe Nasr an den Marcus Ericsson (Béid op Sauber), de Pastor Maldonado (Lotus) an de Will Stevens an den Alexander Rossi (Béid op Manor)
Den Jenson Button sollt sech am Q2 awer net méi verbesseren. Hie bleift op der 15. Plaz, hannert dem Carlo Sainz Jr (Toro Rosso), Sergio Pérez (Force India), Fernando Alonso (McLaren) an dem Nico Hülkenberg (Force India).
Am Q3 sinn déi lescht 10 Piloten ëm d'Pole gefuer. Ferrari a Red Bull hate e ganz gudde Weekend an et huet laang dono ausgesinn, wéi wa si Mercedes a souguer de Lewis Hamilton, deen 7 Mol um Stéck um Samschdeg dee Séierste war, kéinte klappen. Et sollt wierklech keng 7. Pole um Stéck ginn. De Sebastian Vettel huet sech d'Pole konnte sécheren virum Daniel Ricciardo (Red Bull) an dem Kimi Räikkönen (Ferrari). Véierten gëtt den Daniil Kvyat (Red Bull), virun den zwee Mercedes Piloten Lewis Hamilton an Nico Rosberg. Dohannert hu sech nach de Valtteri Bottas (Williams), Max Verstappen (Toro Rosso), Felipe Massa (Williams) a Romain Grosjean (Lotus) plazéiert.
D'Positiounen nom Qualifying vu Singapur:
01. Sebastian Vettel
02. Daniel Ricciardo
03. Kimi Räikkönen
04. Daniil Kvyat
05. Lewis Hamilton
06. Nico Rosberg
07. Valtteri Bottas
08. Max Verstappen
09. Felipe Massa
10. Romain Grosjean
11. Nico Hülkenberg
12. Fernando Alonson
13. Sergio Pérez
14. Carlos Sainz Jr.
15. Jenson Button
16. Felipe Nasr
17. Marcus Ericsson
18. Pastor Maldonado
19. Will Stevens
20. Alexander Rossi