De Sebastian Vettel deen zu Singapur vun der Pole ugefuer ass, konnt déi éischt Plaz bis zum Schluss halen an am General de Réckstand verkierzen.

E gudde Start hat de Sebastian Vettel op Ferrari. Direkt an der éischter Ronn konnt hie sech iwwer 3 Sekonnen op säin alen Teamkollege Daniel Ricciardo erausfueren.

Fir den Nico Hülkenberg war d'Renne schonn no 13 Ronnen eriwwer, no enger Kollisioun mam Felipe Massa bei der Ausfaart vun der Box. Duerch de Virtual Safety Car, wou d'Piloten en Tempolimit mussen anhalen an net iwwerhuelen dierfen, hu sech vill Piloten dofir entscheed, fir do direkt hir Pneuen ze wiesselen an esou manner Zäit ze verléieren. E puer Ronne méi spéit ass dat richtegt Safety Car erausgefuer, fir datt d'Streck, nodeem den Auto geraumt war, och konnt gebotzt ginn. Dowéinst koum et dann zu engem Neistart no 19 Ronnen, wou awer un der Spëtzt näischt geschitt ass.

Nodeems en e puer Ronne virdu scho mat technesche Probleme gekämpft huet koum an der 16. Ronn iwwer Funk d'Erléisung fir de Lewis Hamilton, e sollt säi Bolid an der Box ofstellen. D'Course war fir hie gelaf.

An der 38. Ronn war et nach eng kéier spannend ginn, well e Mënsch op der Piste getrëppelt ass an d'Safety Car rëm huet missen erausfueren. Domadder hat de Sebastian Vettel rëm säi Virsprong verluer deen en op de Ricciardo ausgebaut hat.

Zum Schluss wënnt de Sebastian Vettel de Grousse Präis vu Singapur an dat virum Daniel Ricciardo an dem Kimi Räikkönen.

Am General konnt de Sebastian Vettel nom Out vum Lewis Hamilton a mat de 25 Punkten déi en fir d'Victoire kritt, de Réckstand op 49 Punkte verkierzen. Zweeten am General bleift den Nico Rosberg mat engem Réckstand vun 41 Punkten.