Formel 1
Spartanesch Konditioune fir Lotus zu Suzuka

D'Piloten an d'Personal vun der Formel 1 Ecurie Lotus haten et déi éischt Deeg net einfach zu Suzuka.
Virum Grousse Präis vu Japan hunn d'Piloten an d'Mechanicien ënnert spartanesche Konditioune misse schaffen. Kee Glamour an de Boxen vun der Kinneksklass bei der Ecurie vum Gérard Lopez, dofir awer Killboxen als Still fir de Romain Grosjean an seng Mataarbechter. De Catering fir d'Mechanicien war mince, dofir goufen si vum Bernie Eccelstone, dem Promoter vun der Formel 1, an d‘Kantine vum Paddock-Club invitéiert fir ziessen.
Am meeschte gelies