Duebelvictoire fir Mercedes. An der Formel 1 gouf et beim Grousse Präis vu Japan zu Suzuka eng Victoire vum Mercedes-Pilot Lewis Hamilton.

De Brit konnt sech viru sengem Teamkolleg Nico Rosberg duerchsetzen, deen als Zweeten ukomm ass.
De Sebastian Vettel op Ferrari huet sech als Drëtte klasséiert.

RTL

Beim Qualifying e Samschdeg hunn d'Leit op der Streck zu Suzuka awer den Otem ugehal. De Pilot vu Redbull, Daniil Kwiat, ass mat 270 Stonnekilometer vun der Pist ofkomm an an d’Leitplanke gerannt. Dobäi huet sech den Auto vum Russ iwwerschloen an ass komplett zerstéiert.

Den Daniil Kwiat hat Gléck am Ongléck: Hien ass net blesséiert ginn.