Dem Carlos Sainz geet et gutt an en ass e Sonndeg um Depart

Tweet vum Manager Borja Ortiz-Echagüe
Den Toro-Rosso-Pilot hat an enger Kéier bei enger Vitesse vun 300 km/h d'Kontroll iwwer säi Bolid verluer an ass an d'Ofspärunge gerannt.
Eréischt 20 Minutten nom Accident konnt de blesséierte Carlos Sainz jr. aus sengem Auto erausgeholl ginn. D'Funkverbindung mam 21 Joer jonke Pilot war bis dohinner ofgebrach, säin Zoustand war onkloer.
De Fils vun der Rallye-Legend Carlos Sainz huet awer en Daum an d'Luucht gestreckt, wéi e vun der Pist oftransportéiert gouf.
Hie gouf mam Helikopter an d'Klinik bruecht.
Elo géint 14.00 koum d'Entwarnung, dem jonke Pilot geet et gutt!
Um Sonndeg de Moie koum d'Confirmatioun, datt de Carlos Sainz jr. zu Sootchi starten däerf.
Pole Position fir Rosberg
Den Nico Rosberg geet et Sonndeg beim Grousse Präis vu Russland zu Sotschi vun der Pole position aus an d’Course. Den Däitsche loung am Qualifying um Samschdeg de Mëtte virum Lewis Hamilton aus England an dem Valtteri Bottas aus Finnland.