Hamilton wënnt a séchert Mercedes d'Team-WM

De Brit Lewis Hamilton wënnt zu Sotschi a steet kuerz virum drëtte WM-Titel. An der Konstrukteurswäertung ass Mercedes schonns net méi erëmzekréien.
De Lewis Hamilton kann de Schampes fir säin drëtte WM-Titel lues awer sécher kal leeën. Duerch déi néngte Victoire an dëser Saison vergréissert de Brit (302 Punkten) seng Avance am Generalklassement op elo 66 Punkten. Schäerfste Konkurrent vum Hamilton ass awer net méi den Nico Rosberg. De Mercedespilot hat an der Olympiastad op en neits technesch Problemer an huet säi Bolid schonns an der aachter Ronn mat engem gebrachene Gaspedal misse stoe loossen.
Zweeten an der Fuererwertung ass no senger zweeter Plaz a Russland elo de Sebastian Vettel (236). Drëtten zu Sotschi gëtt de Mexikaner Sergio Perez, dee mat enger exzellenter Leeschtung vun der siwenter Startplaz op de Podium fiert. Falls den Hamilton de 25. Oktober de Grousse Präis an den USA wënnt an de Vettel net beschtefalls deen Zweete gëtt, dierf deen 30 Joer ale Brit sech fir déi drëtte Kéier Weltmeeschter nennen.
An der Konstrukteurswäertung ass véier Course virum Enn vun der Saison awer schonns eng Entscheedung gefall. Well de Kimi Räikkönen no sengem Manöver géint de Valteri Bottas nodréiglech eng 30-Sekonne-Strof opgebrummt krut, ka Ferrari Mercedes net méi vun der éischter Plaz verdrängen.

An enger turbulenter Course huet de Bernd Mayländer schonns no e puer Sekonne missen an den Asaz. An der éischter Kéier krute sech den Hülkenberg an den Ericsson ze paken an d'Safety Car huet direkt e puer Ronne missen dobausse bleiwen.
Wéi d'Course dunn erëm fräi ginn ass, huet et gläich deen nächsten erwescht. De Lotus-Pilot Romain Grosjean huet an enger séierer Lénkskéier d'Kontroll iwwert säin Auto verluer an ass hefteg an d'Ofspärung geflunn. De Fransous huet awer séier Entwarnung ginn an ass selwer aus senger Maschinn geklomm.
No der hektescher Ufanksphase huet sech d'Course dono kuerzzäiteg normaliséiert. Eréischt an deene leschte Ronnen gouf et mam Carlos Sainz Jr. (Bremsdefekt) an Daniel Ricciardo (technesche Problem) weider Ausfäll. Insgesamt hunn zu Sotschi just 13 Autoen de wäisse Stréch gesinn.
Zou enger spektakulärer Kollisioun koum et dunn nach e puer Kéiere virun der Arrivée. Nodeems Bottas a Räikkönen de Perez an der leschter Ronn iwwerholl haten, huet de Ferrari-Pilot säi Compatriot an der Lutte ëm de Podium absolut iwwermotivéiert ofgeschoss. De Perez huet dovunner profitéiert a sech déi drëtte Plaz erëmgeholl.
D'Resultat vu Sotschi am Iwwerbléck:
1. Lewis Hamilton (Mercedes)
2. Sebastian Vettel (Ferrari)
3. Sergio Perez (Force India)
4. Felipe Massa (Williams)
5. Daniel Kwjat (Red Bull)
6. Felipe Nasr (Sauber)
7. Pastor Maldonado (Lotus)
8. Kimi Räikkönen (Ferrari)
9. Jenson Button (McLaren)
10. Fernando Alonso (McLaren)