A wéi enge Fäll gëtt den Hamilton zu Austin Weltmeeschter?

© AFP
An den USA kéint de Lewis Hamilton säin drëtte Weltmeeschtertitel feieren, dëst awer just, wann et um Schluss vum Renne genau fir hien opgeet.
E Sonndeg no der Course bräicht de Lewis Hamilton eng Avance vun op d'mannst 75 Punkten op den Zweeten, fir sécher als Weltmeeschter do ze stoen. Aktuell huet hie 66 Punkten op de Sebastian Vettel op Ferrari an 73 op säin Teamkollege Nico Rosberg.
De britesche Formel 1 - Pilot gëtt also Weltmeeschter wann...
1. Den Hamilton gewënnt (25 Punkten) an de Vettel ass net besser wéi Drëtten (15 Punken). Dann ass et egal, op wéi enger Positioun de Rosberg lant.
2. Den Hamilton gëtt Zweeten (18 Punkten), de Vettel gëtt maximal Sechsten (8 Punkten) an de Rosberg wënnt net.
3. Den Hamilton gëtt Drëtten, de Vettel ass net besser wéi de Siwenten (6 Punkten) an de Rosberg kënnt net op de Podium.
4. Den Hamilton gëtt Véierten (12 Punkten), de Vettel ass net besser wéi den Néngten (2 Punkten) an de Rosberg gëtt maximal Fënneften.
5. Den Hamilton gëtt Fënneften (10 Punkten), de Vettel kritt als Zéngten maximal 1 Punkt an de Rosberg kritt als Sechste just 8 Punkten.
Dozou muss een nach soen, datt bei Punktegläichstand um Schluss vun der Saison den Hamilton awer d'Nues vir hätt, well hien méi Course gewonnen huet, wéi seng zwee Konkurrenten. Aktuell ass do de Stand 9 Victoiren Hamilton an de Vettel an de Rosberg hu béid 3 Victoiren. Mat véier Coursen, déi nach bleiwen, wier hei de Maximum fir ee vun den zwee fir dës Statistik op 7-9 ze verkierzen.
Dëse Sonndeg ass de Grousse Präis vun der USA. Den 1. November ass de Mexiko Grand-Prix, de 15. November fuere se a Brasilien an dat lescht Renne vun der Saison ass den 29. November zu Abu Dhabi.