Lewis Hamilton scho Weltmeeschter!

De Lewis Hamilton wënnt de Grousse Präis vun Austin an ass Weltmeeschter.
D'Noweie vum Hurrican Patricia hunn zolitte Reen a Wand mat sech bruecht, an dowéinst ass um Sonndeg um 15 Auer eiser Zäit de Qualifying gefuer ginn.
Allerdéngs, ass de Qualifying wéinst de Wiederkonditiounen net bis zum Schluss gefuer gi mee gouf nom Q2 ofgebrach, deen ausschlaggebend war fir d'Startformatioun.

De Nico Rosberg ass fir d'3. an dëser Saison virum Lewis Hamilton vun der Pole fortgefuer. Vun der 3. Plaz aus war de Daniel Ricciardo gestart. Fir de Sebastian Vettel war de Qualifying manner gutt gelaf, hie misst vun der 15. Plaz aus starten.

D'Konditioune fir d'Course déi um 20 Auer eiser Zeit ugaangen ass, waren net einfach an d'Safety Car misst direkt e puer mol no Accidenter interveneiren. Demno, war d'Course ganz spannend a bis zum Schluss konnt keen sech e richtege Virsprong ausbauen.
De Lewis Hamilton konnt awer kuerz viru Schluss vun engem Feeler vum Nico Rosberg profitéieren, en iwwerhuelen a bis sou de Grousse Präiss vun Austin wannen.
Well de Nico Rosberg awer déi 2. Plaz virum Sebastian Vettel bis zum Schluss konnt halen, ass de Lewis Hamilton fir d'3. a senger Carrière Formel1-Weltmeeschter!
