E Portrait vum klenge grousse Mann aus der Formel 1 fir säi 85. Gebuertsdag.

"D'Formel 1 ass net méi dat, wat se mol war." Dat ass e Saz, deen een dacks héiert. Ob et esou ass oder net, dat sief dohi gestallt. Sécher ass awer, dass et nach ëmmer ëm ganz vill Suen geet. An dat huet virun allem mam Bernie Ecclestone ze dinn. De Britt feiert um Mëttwoch säi 85. Gebuertsdag.

AUDIO: Bernie Ecclestone 85 Joer: De Rich Simon mat engem Portrait

Zanter bal 40 Joer steet de Bernie Ecclestone un der Spëtzt vun der Formel 1 an huet aus der Kinneksklass vum Automobilsport e Milliardegeschäft gemaach. De klenge Britt mam décke Portemonnaie huet gewisen, dass een net op enger grousser Businessschoul gewiescht muss sinn, fir Suen ze verdéngen. De Bernie Ecclestone kënnt aus bescheidene Verhältnisser a geet just bis 16 Joer an d'Schoul - do huet hie senge Matschüler schonns Bläistëfter iwwerdeiert verkaaft.

Nodeems hien erkannt huet, dass e selwer net zu de séiersten a beschte Pilote géif zielen, huet hie sech als Manager versicht. Seng Methoden, fir Geschäfter ze maachen, waren a sinn dacks net ganz kauscher. Den Hans-Joachim Stuck ass 1977 fir dem Bernie Ecclestone seng Ecurie Brabham gefuer. Schonns méi dacks huet den Däitschen an Interviewen erzielt, wéi den Bernie Ecclestone hien deemools vun 100.000 Dollar op 30.000 Dollar fir eng Saison rof gehandelt krut.

Et huet mat engem Telefonsgespréich ugefaangen. Op der anerer Säit vun der Leitung war anscheinend den Arturo Merzario, e Formel-1-Pilot vun deemools aus Italien ... wéi den Ecclestone fäerdeg war mat Telefonéieren, sot en dem Hans-Joachim Stuck, so, lauschter mol, den Arturo Merzario wëll och fir mech fueren, fir 30.000 Dollar.

Den Hans-Joachim Stuck huet du fir 30.000 Dollar ënnerschriwwen. E puer Joer méi spéit huet de Bernie Ecclestone dem Däitschen gesot wien um Telefon war: Et war natierlech net de Merzario, et war seng Sekretärin ... "Der Bernie ist voll das Schlitzohr", esou de Stuck.

RTL

A mat esou Tricker huet den Ecclestone sech en Imperium opgebaut. Un d'Pensioun denkt hien op sengem 85. Gebuertsdag nach net. Hie sot emol eng Kéier, dass hien dat villäicht mat 100 Joer géif maachen. Ob hien dann nach ëmmer de klenge grousse Mann aus der Formel 1 ass, dat wäerten déi nächste Jore weisen.