Victoire vum Nico Rosberg beim Grousse Präis vu Mexiko

© afp
Um Sonndeg Owend 20 Auer war eiser Zäit de Start vum Grousse Präis vu Mexiko a Mexiko City. Um Enn ass et eng Duebel Victoire fir Mercedes.
Den Nico Rosberg, dee vun der Pole fortgefuer ass, hat e gudde Start. Hien ass gutt fortkomm a konnt seng éischt Plaz op der éischter laanger ligne droite verdeedegen.
De Sebastien Vettel ass ganz schlecht gestart. Hien ass an der éischter Kéier mam Ricciardo zesummegestouss an hat dunn direkt e Platten. Hien huet du schon am Ufank missen e Boxestopp maachen.
Ganz séier fäerdeg war d'Course fir de Fernando Alonso. Schonn an der éischter Ronn huet den Alonso gefunkt dass et fir hien net méi weider geet. Grond war e Schued um Motto.
De Kimmi Räikönen hat an der drëtter Ronn scho Problemer mat de Bremsen, well se schonn ze waarm waren.
De Sebastian Vettel huet sech lues a lues rem no vir gefuer, an en huet et bis op d'Plaz 11 gepackt. Bis en an der Kéier gerutscht ass a sech gedréint huet. Dowéinst ass hie rem op d'Plaz 15 gefall.
Un der Spëtzt war et an deenen éischte Ronnen ganz ausgeglach. De Rosberg ass awer ëmmer vir bliwwen.
An der 23. Ronn koum et zu enger Kollisioun tëscht dem Räikönen an dem Bottas. Beim Iwwerhuelmanöver kënnt de Williams-Pilot widdert de Kimmi Räikönen. Nodeems dem Räikönen seng Achs gebrach war, huet hien missen ophalen.
An der 26 Ronn war de Rosberg souguer 2.6 Sekonnen virum Hamilton. Zu deem Ament hat de Rosberg 13 Sekonnen Avance op de Kvyat, dee kuerz drop seng Pneue gewiesselt krut.
An der 27. Ronn huet och de Rosberg e Boxestopp gemaach fir seng Pneuen ze wiesselen.
An der 31. Ronn konnt den Hamilton de Retard op de Rosberg verkiezen, a war nëmme nach mat 2.3 Sekonnen hannert dem däitschte Pilot.
An der 33. Ronn kann de Rosberg konteren, a sétzt sech rem bësse vum Hamilton of.
An der 36. Ronn huet d'Duebelvictoire vu Mercedes sech ugedeit. Den Drëtten war deen Ament 21.8 Sekonnen hannert Rosberg an Hamilton.
De Sebastian Vettel ass an der 37. Ronn eng zweete Kéier a seng Box gefuer fir nach eng Kéier nei Pneuen ze kréien.
Och de Nico Rosberg ass an der 47. Ronn iwweraschenderweis nach eng Kéier an d'Box gefuer. Och hie krut fir zweet nei Pneuen.
An der 52. Ronn ass de Vettel an d'Mauer geknallt. De Safety-car huet missen op de Circuit, an do duech war dem Rosberg säin 3 Sekonne Virsprong natierlech net méi do.
Nom Restart konnt de Nico Rosberg nach ëmmer vir bleiwen. Allerdéngs war seng Avance op den Hamilton ënnert enger Sekonn.
An der 59. Ronn waren d'Mercedes Pilote net ganz bei der Saach. Béid Piloten hu sech verbremst an hu missen Auslaafzone notzen.
Chance fir de Maldonado an der 64. Ronn. An der 12. Kéier knallt hien op en Hoer an d'Barrieren. A leschter Sekonn kritt de Lotus-Pilot sech awer nach gerett.
Um Enn ass et eng Duebel Victoire fir Mercedes. De Nico Rosberg gëtt éischten, an den Lewis Hamilton Zweeten.
Klassement:
1. Nico Rosberg
2. Lewis Hamilton
3. Valtteri Bottas
4. Daniil Kvyat
5. Daniel Ricciardo
6. Felipe Massa
7. Nico Hülkenberg
8. Sergio Pérez
9. Max Emilian Verstappen
10. Romain Grandjean
11. Pastor Maldonado
12. Marcus Ercisson
13. Carlos Sainz Jr
14. Jenson Button
15. Alexander Rossi
16. Will Stevens
17 . Luiz Felipe Mazr (defekt Bremsen)
18. Sebastian Vettel (Accident)
19. Kimi Räikönen (Kollisioun mam Bottas)
20. Fernando Alonso (Schued um Motto)