Rosberg fiert zu Sao Paolo vun der Pole fort

Um Samschdeg Nomëtteg war de Qualifying fir de Grousse Präis vu Brasilien, wou den Nico Rosberg sech d'Pole Position séchere kann.
De Rosberg ka sech um Enn géint de Lewis Hamilton behaapten.
Et ass domat déi 5. Pole Positioun fir den däitsche Pilot hannerteneen.
Nieft dem Rosberg steet an der éischter Rei de Lewis Hamilton.
Drëtte gëtt de Sebastian Vettel an de Valtteri Bottas fiert vun der 4. Positioun fort.
Déi 2 Lotus-Pilote Grosjean a Maldonado starte vun de Plaze 14 a 15.
Startpositiounen am Iwwerbleck:
1. Nico Rosberg
2. Lewis Hamilton
3. Sebastian Vettel
4. Valtteri Bottas
5. Kimi Käikkönen
6.Nico Hülkenberg
7. Daniil Kvyat
8. Felipe Massa
9. Daniel Ricciardo
10. Max Emilian Verstappen
11. Fernando Alonso
12. Jenson Button
13. Marcus Ericsson
14. Romain Grosjean
15. Pastor Maldonado
16. Luiz Felipe de Oliveira Nasr
17. Sergio Perez
18. Alexander Rossi
19. Carlos Sainz Jr
19. Will Stevens