Den Nico Rosberg wënnt zu Sao Paulo

Den Nico Rosberg wënnt de Grousse Präis vu Brasilien viru sengem Teamkolleg Lewis Hamilton. Drëtte gëtt de Sebastian Vettel op Ferrari.
De Nico Rosberg war beim Start gutt ewech komm. De Lewis Hamilton hat direkt virun der éischter Kéier attackéiert, mee de Rosberg konnt déi éischt Plaz awer verdeedegen. De Sebastian Vettel konnt de schnellen Tempo vun de Silberpfeile net mathalen an hat schonn no 5 Ronnen iwwer 4 Sekonnen Réckstand.
De Lewis Hamilton huet méi wéi eng Kéier probéiert de Nico Rosberg ze iwwerhuelen, de Rosberg konnt awer all Attack ofwieren. Ab der 26. Ronn hat den Hamilton et dunn awer opginn ze attackéieren, well de Réckstand tëscht de Mercedes-Piloten gouf ëmmer méi grouss.
Fir de Rescht vun der Course sollt sech och net méi vill um Verlaf vun der Course änneren. Um Enn wënnt de Nico Rosberg virum Lewis Hamilton an dem Sebastian Vettel. Domat huet de Nico Rosberg och déi 2. Plaz am WM-Klassement elo sécher.
D'Resultater vum GP zu Brasilien an der Iwwersiicht:
1 | N. Rosberg | Mercedes | ||||
2 | L. Hamilton | Mercedes | 0:07.756 | |||
3 | S. Vettel | Ferrari | 0:14.244 | |||
4 | K. Räikkönen | Ferrari | 0:47.543 | |||
5 | V. Bottas | Williams | +1 Rnd. | |||
6 | N. Hülkenberg | Force India | +1 Rnd. | |||
7 | D. Kwjat | Red Bull | +1 Rnd. | |||
8 | F. Massa | Williams | +1 Rnd. | |||
9 | R. Grosjean | Lotus | +1 Rnd. | |||
10 | M. Verstappen | Toro Rosso | +1 Rnd. | |||
11 | P. Maldonado | Lotus | +1 Rnd. | |||
12 | D. Ricciardo | Red Bull | +1 Rnd. | |||
13 | S. Perez | Force India | +1 Rnd. | |||
14 | F. Nasr | Sauber | +1 Rnd. | |||
15 | J. Button | McLaren | +1 Rnd. | |||
16 | F. Alonso | McLaren | +1 Rnd. | |||
17 | M. Ericsson | Sauber | +2 Rnd. | |||
18 | W. Stevens | Manor-Marussia | +4 Rnd. | |||
19 | A. Rossi | Manor-Marussia | +4 Rnd. | |||
20 | C. Sainz | Toro Rosso |