Beim leschte Grand Prix vun der Saison steet den Däitschen Nico Rosberg op der Pole. D'Plazen zwee an dräi si fir de Lewis Hamilton an de Kimi Räikkönen.

No den zwee Succèsen a Mexiko an a Brasilien ass den Nico Rosberg och zu Abu Dhabi dee séierste Fuerer am Feld. Den Däitschen léisst der Konkurrenz am Qualifying fir den Nuets-GP keng Chance a séchert sech déi sechste Pole hannerteneen.

De Weltmeeschter Lewis Hamilton geet als Zweeten un d'Ligne de Depart. Nom fréien Out vum Sebastian Vettel (16), verhënnert de Kimi Räikkönen an der zweeter Rei ee Ferrari-Debakel.

Fir déi zwee Lotus-Piloten Pastor Maldonado (13) a Romain Grosjean (15) war am Q2 Endstatioun.

Am Fuerer- a Equippeklassement wäert et no der leschter Course vum Joer keng gréisser Changementer méi ginn. De Brit Lewis Hamilton steet bekanntlech säit dem USA-GP als alen an neie Weltmeeschter fest. Och bei de Konstrukteure konnt Mercedes den Titel souverän verteidegen.

D'Startopstellung zu Abu Dhabi am Iwwerbléck:
1. Nico Rosberg (Mercedes)
2. Lewis Hamilton (Mercedes)
3. Kimi Räikkönen (Ferrari)
4. Sergio Perez (Force India)
5. Daniel Ricciardo (Red Bull)
6. Valteri Bottas (Williams)
7. Nico Hülkenberg (Force India)
8. Felipe Massa (Williams)
9. Daniel Kwjat (Red Bull)
10. Carlos Sainz Jr. (Toro Rosso)
11. Max Verstappen (Toro Rosso)
12. Jenson Button (McLaren)
13. Pastor Maldonado (Lotus)
14. Felipe Nasr (Sauber)
15. Romain Grosjean (Lotus)
16. Sebastian Vettel (Ferrari)
17. Fernando Alonso (McLaren)
18. Marcus Ericsson (Sauber)
19. Will Stevens (Manor)
20. Roberto Merhi (Manor)