Nico Rosberg wënnt zu Abu Dhabi

De Nico Rosberg wënnt de leschten Grand Prix vun der Saison zu Abu Dhabi, nodeems hien vun der Pole gestart war.
No Mexico a Sao Paulo wënnt de Nico Rosberg och déi lescht Course vum Joer zu Abu Dhabi. De Lewis Hamilton deen als zweete vun der Ligne de Depart gestart war, huet déi Plaz och bis zum Schluss gehalen. Drëtte gëtt de Kimi Raikkonen an de Sebastian Vettel deen am Qualifying net konnt iwwerzeege gëtt schlussendlech awer 4.
Am Fuerer- a Equippeklassement gouf et no der leschter Course vum Joer keng gréisser Changementer méi. De Brit Lewis Hamilton steet bekanntlech säit dem USA-GP als alen an neie Weltmeeschter fest. Och bei de Konstrukteure konnt Mercedes den Titel souverän verteidegen.