Déi nächst Saison vun der Formal 1 start den 20. Mäerz an Australien an dauert bis den 27. November, wou zu Abu Dhabi gefuer gëtt.

21. Course stinn um Plang vun der neier Formel 1 Saison, déi vum 20. Mäerz bis de 27. November 2016 dauert.

Bis elo gëtt et awer nach mat 2 Datumen e Problem. D'Course den 23. Oktober zu Austin kéint nach ewechfalen, well d'Finanzement vum Organisateur op der Plaz nach net steet. Bei der Course zu Baku den 19. Juni, kéint den Datum nach gewiesselt ginn, well um selwechte Weekend d'24 Stonne vu Le Mans gefuer ginn.

Formel 1 Plang fir d'Saison 2016:

20. Mäerz, Melbourne, Australien

3. Abrëll, Bahrain, Bahrain

17. Abrëll, Shanghai, China

1. Mee, Sochi, Russland

15. Mee, Barcelona, Spuenien

29. Mee, Monte Carlo, Monaco

12. Juni, Montreal, Kanada

19. Juni, Baku, Aserbaidschan

3. Juli, Spielberg, Éisträich

10. Juli, Silverstone, Groussbritannien

24. Juli, Budapest, Ungarn

31. Juli, Hockenheim, Däitschland

28. August, Spa-Francorchamps, Belsch

4. September, Monza, Italien

18. September, Singapur, Singapur

2. Oktober, Sepang, Malaysia

9. Oktober, Suzuka, Japan

23. Oktober, Austin, USA

30. Oktober, Mexico City, Mexico

13. November, Sao Paulo, Brasilien

27. November, Abu Dhabi, Vereenegt Arabesch Emirater