Virum Weekend ass et offiziell ginn. Aus der Formel 1-Ecurie Lotus gëtt nees d'Wierksteam Renault.

AUDIO: Renault wëll mëttelfristeg nees wannen/F. Hippert

De Gerard Lopez an den Eric Lux hunn eng grouss Majoritéit vun hiren Parten un den franséischen Autoskonstrukteur ofginn. De Lëtzebuerger Geschäftsmann wäert awer och an Zukunft nach eng wichteg Roll bei der Ecurie vun Enstone spillen. Sou ass et op alle Fall virgesinn, seet de Gerard Lopez am RTL-Interview. Hie kéint esou guer méi aktiv sinn wéi dëst Joer. Wéi vill Prozent genee, Renault vu Lotus iwwerhëlt, wollt de Nach-Patron vun der Ecurie vun Enstone net verroden. Et ass awer eng déck Majoritéit.

An de leschte Méint ass jo och ëmmer nees vill iwwert, déi finanziell Situatioun, d'Scholden vun der Ecurie Lotus geschwat ginn. D'Fro stellt sech natierlech, wéi Renault déi elo mat iwwerhëlt. Et wier wouer, datt ee gesot hätt, dat misst opgoen. Et gouf awer ëmmer méi dramatesch vu baussen duergestallt, wéi et war. Geschäftlech hätt een alles richteg gemaach. D'Formel 1 ass einfach ze deier fir eng Privatecurie, wann déi wëll vir matfueren, seet de Gerard Lopez.

Éiert et Lotus gouf, huet d'Ecurie jo schonn Lotus geheescht a mam Fernando Alonso konnt een 2005 an 2006 zwee Weltmeeschtertitel feieren. De Gerard Lopez weess och, datt een an der éischter Saison wou een nees e Wierksteam ass, awer nach ëmmer kleng Bréidercher muss baken. An Zukunft wëll een natierlech nees am Concert vun deenen groussen Ecurien, wéi Mercedes, Ferrari oder Red Bull matspillen, awer realistesch gesinn, eréischt mëttelfristeg.

Den Gerard Lopez huet vun engem Kontrakt vun 9 Joer geschwat. Ob säin Engagement an der Formel 1 awer och esou laang daueren wäert daueren, wollt hien net soen.

D'Piloten fir d'nächst Saison sinn de Pastor Maldonado aus dem Venezuela, an de Brit Jolyon Palmer, deen zejoert d'GP2 gewonnen hat.