D'Maria Teresa de Filippis ass e Samschdeg am Alter vu 89 Joer gestuerwen. Si wor 1958 zu Spa-Francorchamps als 1. Fra bei engem Grousse Präis ugetrueden.

Am ganze wor si 3 mol dobäi. D'Formel 1 huet d'Italienerin als eng aussergewéinlech Fra gewierdegt. Si soll e Méindeg an der Géigend vu Bergamo begruewe ginn.