Neie Modus fir d'Qualifikatioun um Samschdeg
En Dënschdeg hunn déi Verantwortlech vun der Formel 1 zu Genf en neie Modus fir d'Qualifikatiounen um Samschdeg decidéiert.
Et bleift bei den aktuellen dräi Seancen, dem Q1, Q2 a Q3, mä dës gi vun den Zäiten anescht opgedeelt an och d'Pilote ginn anescht eliminéiert.
22 Autoe ginn am Q1, deen elo 16 Minutten dauert, un den Depart. No 7 Minutte gëtt dee Chauffeur, deen op der leschter Plaz steet, eliminéiert. Dono all 90 Sekonnen e weidere Pilot, bis der nach just 15 bleiwen, déi beim Q2 un de Start ginn.
Dësen dauert 15 Minutten an hei ass de System dee selwechten, bis nach just 8 Autoe bleiwen, déi an de Q3 kommen. An der leschter Qualifikatiounsronn hunn d'Pilote 14 Minutten Zäit, fir sech ze positionéieren. Mä och hei ginn nees déi Chaufferen, déi am Luesten ënnerwee sinn, eliminéieren. Zum Schluss sollen dann déi zwee Bescht bleiwen, déi an enger leschter Ronn ëm d'Pole Position kämpfen.
De Modus, dee vun de Verantwortleche vun der Formel 1 decidéiert gouf, muss elo nach just vum Conseil vun der FIA bestätegt ginn, deen de 4. Mäerz, ronn 2 Woche virun der éischter Formel 1-Qualifikatioun, zesumme kënnt.
Aner Decisiounen, déi Changementer fir d'Saison 2017 an 2018 betreffen, sollen eréischt am Abrëll geholl ginn.