Zu Melbourne huet den Nico Rosberg um Mercedes d'Nues vir gehat. Zweete gëtt säin Equipier Lewis Hamilton. Drëtte gëtt de Sebastian Vettel um Ferrari.

Optakt um Sonndeg vun der neier Formel-1-Saison.

Am Albert Park zu Melbourne an Australien, gouf et also e Succès fir den Däitschen Nico Rosberg op Mercedes. Hannert him klasséiert sech säin Equipier an aktuelle Weltmeeschter Lewis Hamilton op der 2. Plaz.

Déi 3. Plaz war fir de Sebastian Vettel op Ferrari.

RTL

No engem schwéieren Accident vum Fernando Alonso an Esteban Gutierrez gouf d'Course zu Melbourne iwwregens an der 18. Ronn fir 20 Minutten ofgebrach. Den Alonso war mat sengem McLaren an de Gutierrez gerannt an hat sech 2 mol iwwerschloen. De Fernando Alonso schéngt sech awer net blesséiert ze hunn. En ass alleng aus dem Wrack erausgeklommen.

RTL