Dat ass séier gaang
Formel 1-Ecurie stëmmen eestëmmeg géint nei Quali-Regelen

Den neie Qualifikatiounstraining an der Formel 1 schéngt schonns nees Geschicht ze sinn.
Dat wëlle vill auslännesch Medie wëssen.
Schonns bei der nächster Course e Sonndeg an 8 Deeg soll nees no deem ale Qualifikatiounsmodus gefuer ginn. Dat sollen déi 11 Ecurien unanime decidéiert an dem Formel 1-Boss Bernie Eccelstone dat esou mat gedeelt hunn.
Bei den 2 éischte Coursse vun der Saison ass an enger bestëmmter Phas vun den 3 Qualifikatiouns-Deeler no 90 Sekonnen allkéiers de lueste Pilot erausgeholl ginn.
Am meeschte gelies