Direkt vum Depart un konnt den Nico sech vum Feld ofsetzen. De Sebastian Vettel gëtt an der 2. Kéier ofgeschoss.

Wann et leeft da leeft et, sou kann een dem Nico Rosberg seng momentan Form wuel beschreiwen. Och an der 4. Course vun der Saison konnt den däitsche Pilot am Mercedes d'Konkurrenz dominéieren. Vum Start u konnt de Rosberg lues a lues e Virsprong erausfueren a gewënnt mat 25 Sekonnen Avance de GP a Russland virum Hamilton an Räikkönen.

De Sebastian Vettel gouf an der 2. Kéier vum russesche Pilot Kwjat um Redbull vun der Pist geschoss.  Doropshi krut den Kwjat eng Stop&Go Strof vun 10 Sekonnen.

Den aktuelle Weltmeeschter Lewis Hamilton huet sech bis op déi 2. Plaz gekämpft, konnt déi lescht 15 Tier awer och net méi voll Gaass ginn, well e Problemer mat der Waasserpompel hat. De Brit misst jo schonns vun der 10. Plaz misse fortfueren, well en am leschte Qualifying säin Auto ofstelle misst, wéinst Motoproblemer.

Op 3 a 4 klasséiere sech déi finnesch Pilote Kimi Räikkönen um Ferrari a Valterri Bottas um Williams. De Felipe Massa um Williams kompletéiert Top 5.

De Sotschi GP steet zanter 2014 am Formel 1 Kalenner, de Lewis Hamilton huet 2014 a 2015 gewonnen.

RTL

Klassement vun der Course:

1. Nico Rosberg
2. Lewis Hamilton +25 Sek
3. Kimi Räikkönen +39 Sek
4. Valterri Bottas  +50 Sek
5. Felipe Massa    +1Min 14 Sek
6. Fernando Alonso  +1 Ronn
7. Kevin Magnussen +1 Ronn
8. Romain Grosjean  +1 Ronn
9. Sebastian Perez   +1 Ronn
10. Jenson Button    +1 Ronn

General:

1. Nico Rosberg  100 Pkt.
2. Lewis Hamilton 57 Pkt.
3. Kimi Räikkönen 43 Pkt.
4. Daniel Ricciardo 36 Pkt.
5. Sebastian Vettel  33 Pkt.