An der Formel 1 geet de Lewis Hamilton op Mercedes beim Grousse Präis vu Kanada vun der Pole an d'Course. Nieft him steet säin Teamkolleg Nico Rosberg.

De Sebastian Vettel geet op sengem Ferrari als Drëtten un den Depart. De Start ass um Sonndeg Owend um 8 Auer Lëtzebuerger Zäit.