De Lewis Hamilton um Mercedes wënnt a Kanada

Zu Montréal ass et eng Victoire vum Brit Lewis Hamilton virum Sebastian Vettel an dem Valtteri Bottas.
No engem ganz spannenden Depart konnt sech de Sebastian Vettel an der éischter Kéier laanscht Hamilton a Rosberg setzen. Déi 2 Mercedes-Pilote hu sech dunn och beréiert, wat de Rosberg op Plaz 9 zeréckfale gelooss huet.
De Lewis Hamilton ass dunn awer sou no wéi méiglech um Ferrari dru bliwwen. Si hunn zesummen den Tempo vun der Course bestëmmt.
An der 11. Ronn war Schluss fir de McLaren-Pilot Jenson Button wéint Motorschued. An der 12. Ronn huet de Vettel gläichzäiteg mat sengem Equipier Kimi Räikönnen ee fréie Boxestopp gemaach.
De Sebastian Vettel ass duerno séier nees laanscht de Red Bull vum Ricciardo an och dee vum Max Verstappen gezunn.
An der 19. Ronn ass de Ferrari-Pilot nees Zweeten an huet 6 Sekonne Retard op de Leader Lewis Hamilton.
Op der 24. Ronn ass et um Lewis Hamilton fir un d'Box ze fueren. Wéi hien erëm erausfiert, läit hien 13 Sekonnen hannert dem Vettel.
An der Ronn 29 ass de Hamilton abeemol däitlech méi no drun um Auto virun him. An der 33. trennen déi Zwee just nach 10,1 Sekonnen.
An der 37. Ronn ass Schluss fir de Felipe Massa um Williams
An der 38. Ronn mécht de Vettel säin zweeten a leschte Boxestopp.
An der 44. Ronn ass de Nico Rosberg kuerz nees vir derbäi, hien ass Véierten, wéi d'Box him Bescheed seet, datt ee vu senge Pneue Loft verléiert. Hie muss nees wiessele goen, fält nees zréck.
Ronn 55. Den Hamilton läit 4,4 Sekonnen virum Vettel. 15 Ronne viru Schluss ass d'Fro: Muss de Brit nach eng Kéier an d'Box oder fiert en awer duerch.
An der 58. Ronn kämpft sech de Nico Rosberg nees laanscht de Kimi Räikönnen. Hien ass 5.
An de leschte Ronnen hält de Ferrari-Pilot op z'attackéieren, de Virsprong vum Lewis Hamilton wiisst bis op 7 Sekonnen un.
Et ass déi 45. Victoire fir de Brit.
An der WM ass de Nico Rosberg weider vir mat 116 virum Hamilton mat 107 an dem Vettel mat 78 Zieler.
Pos | Driver | Time/Retired | Pts | ||
---|---|---|---|---|---|
1 | Lewis Hamilton HAM | 1:31:05.296 | 0 | ||
2 | Sebastian Vettel VET | +5.011s | 0 | ||
3 | Valtteri Bottas BOT | +46.422s | 0 | ||
4 | Max Verstappen VES | +53.020s | 0 | ||
5 | Nico Rosberg ROS | +62.093s | 0 | ||
6 | Kimi Räikkönen RAI | +63.017s | 0 | ||
7 | Daniel Ricciardo RIC | +63.634s | 0 | ||
8 | Nico Hulkenberg HUL | +1 lap | 0 | ||
9 | Carlos Sainz SAI | +1 lap | 0 | ||
10 | Sergio Perez PER | +1 lap | 0 | ||
11 | Fernando Alonso ALO | +1 lap | 0 | ||
12 | Daniil Kvyat KVY | +1 lap | 0 | ||
13 | Esteban Gutierrez GUT | +2 laps | 0 | ||
14 | Romain Grosjean GRO | +2 laps | 0 | ||
15 | Marcus Ericsson ERI | +2 laps | 0 | ||
16 | Kevin Magnussen MAG | +2 laps | 0 | ||
17 | Pascal Wehrlein WEH | +2 laps | 0 | ||
18 | Felipe Nasr NAS | +2 laps | 0 | ||
19 | Rio Haryanto HAR | +2 laps | 0 | ||
NC | Felipe Massa MAS | DNF | 0 | ||
NC | Jolyon Palmer PAL | DNF | 0 | ||
NC | Jenson Button BUT | DNF | 0 |