An der Formel 1 geet de Lewis Hamilton op Mercedes beim Grousse Präis vu Éisträich vun der Pole an d'Course. Nieft him steet den Nico Hülkenberg.

Am Qualifying fir de Grousse Präis vu Éisträich,  konnt de Mercedes Pilot Lewis Hamilton d'Konkurrenz hannert sech loossen.

Op de Plazen 2 an 3 klasséiere sech Nico Hülkenberg op Force India an Jenson Button op McLaren.

De Sebastian Vettel geet als 9. un de Start nodeems hie Boîte gewiesselt huet. Dat selwecht ass dem Nico Rosberg geschitt mat 5 Strofplazen.

Resultat Qualifying:
1) Hamilton
2) Hülkenberg
3) Button
4) Räikkönen
5) Ricciardo
6) Bottas
7) Rosberg
8) Verstappen
9) Vettel 
10) Massa

D'Course ass e Sonndeg um 14 Auer Lëtzebuerger Zäit.