An der Formel 1 geet de Nico Rosberg op Mercedes beim Grousse Präis vun Ungarn vun der Pole an d'Course. Nieft him steet de Lewis Hamilton.

De Qualifying e Samschdeg beim Grouss Präis vun Ungarn an der Formel 1 war näischt fir schwaach Nerven.

Den Nico Rosberg op Mercedes steet op der Pole. Nieft him säin Teamkolleg Lewis Hamilton. Op de Plazen 3 an 4 klasséiere sech den Daniel Ricciardo an de Max Verstappen, allebéid op Red Bull.

Et war e spektakuläre Qualifying, mat Reen am Ufank a ville Sortie-de-pisten.

Et war och net ganz sécher, ob de Rosberg seng Pole behale kéint, well een eventuell op senger séierster Ronn géint d'Regelen verstouss hätt. De Reproche gouf awer fale gelooss.