Pole fir den Nico Rosberg an Däitschland

© afp
E Samschdeg de Mëtteg war de Qualifying vum Grousse Präis vun Däitschland um Hockenheimring. Wéi erwaart gouf et op en Neits en internen Duell op Mercedes.
Als Favoritte an dësem Qualifying ass de Mercedes-Duo Lewis Hamilton an Nico Rosberg gehandelt ginn. Si konnten dann och am Q2 am Ufank eng uerdentlech Beschtzäit fueren. Den Hamilton ass de Circuit an 1:14:748 an den Nico Rosberg an 1:14:839 gefuer.
Am Q3 huet de Rosberg eng excellent Zäit realiséiert a konnt dem Hamilton seng Beschtzäit bis dohinner nach iwwertreffen. De Rosberg ass an enger Zäit vun 1:14:363 gefuer.
Um Enn sollt déi Beschtzäit vum Rosberg duergoen fir um Sonndeg vun der Pole ze starten. Nieft him fiert säin Teamkolleg Lewis Hamilton lass.
Déi zweet Rei setzt sech aus Ricciardo a Verstappen zesummen. De Kimi Räikkönen fiert op der 5. Plaz nieft dem Sebastian Vettel fort.