De Lewis Hamilton wënnt de grousse Präis vun Däitschland

Um Hockenheimring ass et zu enger Victoire vum Mercedes Piloten komm, eng 2.Plaz fir de Ricciardo, duerno de Verstappen. Nico Rosberg verschléift de Start.
No engem Joer Paus war d'Formel 1 erëm um Hockenheim op Besuch. Um Qualifying hat de Nico Rosberg jo d'Nues vir, an konnt um Sonnden vun der Pole Positioun starten.

An et sollt ee schlechte Dag fir de Nico Rosberg ginn. Direkt nom Start gouf de Mercedes Pilot vum sengem Teamkolleg Hamilton an vun de zwee Red Bull Piloten Verstappen a Ricciardo iwwerholl. An der 33. Ronn koum och nach eng Zäitstrof vu 5 Sekonnen dobäi. No 67 Ronnen muss de Rosberg sech mat enger 4. Plaz zefriddeginn, dat virum Vettel, den mat sengem Ferrari als 5. ukomm ass.

An der 38.Ronn war et den Out fir de Brasilianer Felipe Massa op Williams, 23 Ronne méi spéit, huet de Sauber Pilot Felipe Nasr wéinst engem techneschem Problem misse opginn.

No der Summerpaus geet et an 4 Wochen weider zu Spa-Francorchamps (28.8.2016), mat engem Lewis Hamilton als alen a neien Leader am Generalklassement.