Victoire vum Mercedes-Pilot Nico Rosberg
An enger hektescher Course konnt sech de Rosberg no 44 Tier virum Ricciardo an dem Hamilton duerchsetzen.
D'Course an de belschen Ardennen hat ganz spektakulär ugefaangen. Nodeems de Button an de Wehrlein no enger Kollisioun hu misse fréi hiren Auto ofstellen, huet de Kevin Magnussen an der 6. Ronn d'Kontroll iwwer säi Renault verluer an ass an der legendärer Eau-Rouge-Kéier vun der Streck geflunn. Well dësen Accident fir souvill Opraumaarbechte gesuergt huet, huet d'Course missen ënnerbrach ginn. No enger gudder hallwer Stonn ass et dunn awer weidergaangen.
All dës Evenementer hu virun allem engem an Kaarte gespillt, nämlech dem Weltmeeschter Lewis Hamilton. Nodeems hien nämlech aus der leschter Rei gestart war, hat de Mercedes-Pilot sech no 15 Ronne schonn op déi 4. Plaz no vir gekämpft.
No 25 Ronne war den Hamilton dunn den Drëtten an hannert him war et sou richteg spannend. Virun allem de Max Verstappen huet sech mam Raikönnen a Vettel ganz spannend an deelweis spektakulär Dueller geliwwert.
Un der Spëtzt konnt de Rosberg ouni weider Problemer säin Tempo fueren an ass ni richteg a Gefor geroden. Obwuel den Hamilton um Schluss nach eng Kéier richteg Drock op den Zweete Ricciardo gemaach huet, sollt et net duergoen, fir nach eng Kéier un den Australier erunzekommen.
Op déi véierte Plaz kënnt den Hülkenberg, virum Perez an dem Sebastian Vettel.
Am Generalklassement war et eng ganz gutt Affaire fir den Nico Rosberg. Hei huet den Däitschen (223 Punkten) nämlech just nach 9 Punkte Retard op de Lewis Hamilton (232 Punkten).